Festival Cannes 2026

12/05/2026
Festival Cannes 2026
Play

Wéi ass Lëtzebuerg vertrueden?

Iwwert di offiziell Selektioun vum Festival vu Cannes hu mir scho geschwat. Lëtzebuerger Filmer waren dëst Joer keng do derbäi. Trotzdeem, mat dräi Filmer an der Niewesektioun "La quinzaine des cinéastes", kënne mer jo awer erëm houfreg sinn.

Dat kann een esou gesinn, wann ee wëll.

De Filmfong an d’Lëtzebuerger Presse, inklusiv ech perséinlech, wann och heiansdo mat Restriktiounen, hu jorelaang di sëllege Selektiounen a Präisser op internationale Festivaller als groussen Erfolleg vum Lëtzebuerger Kino gefeiert. Mee och wann dës Kéier erëm dräi Koproduktiounen zu Cannes selektionéiert sinn, mengen ech, dass et fir de Moment kee Gronn zu grousser Begeeschterung gëtt.
Zwar huet den Direkter vum Filmfong an engem rezenten Tageblatt Artikel behaapt „Luxemburg geniesst aktuell ein so gutes Ansehen wie noch nie zuvor“ an en huet positiv vun der „Weiterentwicklung des Sektors“ geschwat. Den Dag drop, am nämmlechten Tageblatt schléit dogéint de President vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Filmtechniker Alarm :„Luxemburgs Filmsektor stand noch nie so schlecht da“, seet hien. An effektiv, niewent der rezenter Faillite vun zwou Produktiounsfirmae steet besonnesch dee bis elo ganz performanten industriellen Volet vum Filmsecteur virun engem totale Kollaps: d’Filmstudioen zu Kielen maachen am August zou. Di renomméiert däitsch Firma ARRI Rental, déi Tournage Equipementer verlount, verléisst deemnächst Lëtzebuerg. Di zwou gréisst Lëtzebuerger Postproduktiouns Firmae fir Bild an Toun, stinn um Bord vun der Faillite, well se kaum nach Opträg kréien. An dann huet e Produzent de Filmfong geriichtlech ugesicht, woubäi erauskoum, dass de Fong säit 2014 keng korrekt legal Basis huet fir iwwerhaapt Decisiounen ze huelen.

Ënner deenen Ëmstänn ass et net fir sech mat Festivalselektioun ze bretzen, zemol wou an de leschten 30 Joer kee Laangspillfilm vun engem Lëtzebuerger Realisateur an engem grousse Festival selektionéiert gouf, geschweige dann e Präis krut. Eenzeg Ausnam, waren d’Selektioune vu "Gutland" vum Govinda van Mael zu Toronto, an eventuell kann een nach déi vum Laura Schroeder an dem Koxi an der awer ganz marginaler "Forum" Sektioun zu Berlin nennen.

Selektiounen sinn et quasi exklusiv gi fir minoritär Lëtzebuerger Koproduktiounen, mat auslännesche Realisateuren, wou de reng kreativen Lëtzebuerger Input meeschtens limitéiert war. E goufe wuel eng Rei notoresch Ausname wéi d’Serie „Bad Banks’“oder d‘Filmer „Les Hirondelles de Kabul“, „Corsage““ an zulescht „La cache“ „Die Blutgräfin“ an „How to Divorce During the War“. Bei all deene konnt Lëtzebuerg haaptsächlech mat sengen Animatiounsstudioen a senge kompetenten Techniker (Produktioun ,Tournage, Bild an Toun) iwwerzeegen. An et ass just dee Volet, deen elo an akuter Gefor ass.

Di meescht Selektiounen a Präisser awer krut Lëtzebuerg di lescht Joren, duerch den 2019 ageféierten neie Programm CINEWORLD vum Filmfong deen, et géif ee bal mengen, extra dofir do wier, fir international Festivalselektiounen a Präisser bëlleg anzekafen.
Di vage formuléiert Konditioune vum CINEWORLD Programm fir tësche 50.000 an 200.000€ an eng Koproduktioun stiechen ze kënnen, verlaangen, dass de Film aus engem Land mat enger schwaach entwëckelter audiovisueller Industrie kënnt, a virun allem, dass de Realisateur schonn muss virdrun an engem grousse Festival selektionéiert gi sinn. Jee no dem Montant, ass keng oder just eng minimal Lëtzebuergesch technesch Contributioun verlaangt. Wann een also als Produzent wëll un déi Suen kommen, sicht ee sech e bekannte, priméierte Realisateur eraus, fir eng Koproduktioun, a schonn stinn d'Chancen optimal fir eng Selektioun an eventuell och e Präis. Festivaller wéi Cannes oder Berlin stinn nämlech zimmlech trei zu hire selektionéierten Auteuren.

Di dräi grouss Präisser aus de leschte Joer, op déi mer mächteg stolz waren, e Gëllene Bier zu Berlin fir de Rumän Radu Jude ("Bad luck banging or loony porn"), an zu Cannes e Grand Prix fir d'Inderin Payal Kapadia ( "All we imagine as light") an eng Palme d’Or fir den Iraner Jafar Panahi ("Un simple accident"), hunn esou all Kéier de Filmfong, am Kader vum CINEWORLD Programm, just 50.000€ kascht.
Besonnesch an engem Moment wou de Filmsecteur a Kris ass, stellt sech Fro ob esou eng Nation Branding Politik net just Oflenkung ass vun de reelle Problemer.

Mee zeréck op Cannes. D‘Selektiounen dëst Joer, vun dräi Lëtzebuerger Koproduktiounen an der Niewesektioun „La Quinzaine des cinéastes“, entsprieche genau deem beschriwwenen Schema. Se goufen allen dräi am Kader vum CINEWORLD Programm subventionéiert, mat minimaler bis kenger Lëtzebuerger kreativer oder technescher Participatioun.

De venezuelanesche Realisateur Jorge Thielen Armand („LA MUERTE NON TIENE DUENO ») war zwar ni zu Cannes,Venedeg oder Berlin selektionéiert, hat awer dofir eng Onmass aner Festival Nominatiounen. Par contre war d’Selektioun vum argentinesche Film LA LIBERTAD DOBLE quasi virprogramméiert, well de Realisateur Lisandro Alonso schonn virdrun zweemol zu Cannes an offizieller Selektioun war. An och di koreanesch Realisatrice July Jung (“DORA“) war schonn virdrun zu Cannes nominéiert. An dësem Fall schéngen allerdéngs d'Cineworld Krittäre relativ „liberal“ interpretéiert ginn ze sinn, well Korea huet eng héich developpéiert an artistesch performant Filmindustrie, déi keng Entwécklungsuen vu Lëtzebuerg brauch.

Huele mer dat zur Kenntnis. Mer wënschen deene Filmer zu Cannes trotzdeem vill Succès. Mee villäicht sollte mer beim Feieren, en attendant, e bësse méi lues trëppelen, wéi dat di lescht Joren de Fall war.