Festival Cannes 2026: Histoires parallèles

16/05/2026
Festival Cannes 2026: Histoires parallèles
Play

De Festival kënnt elo esou lues op Touren. Wéi gesäit de Bilan vum Joy Hoffmann bis elo aus?

No fënnef Kompetitiounsfilmer, hu mer wuel nach kee schlechte gesinn, mee awer och nach näischt, wat ons esou richteg vum Hocker gerappt huet.

Am beschten ukomm ass nach, deen a schwaarz/wäisse Biller gedréinte Film FATHERLAND vum polnesche Realisateur Pavel Pawlikowski. De Film suivéiert de groussen Dichter Thomas Mann a seng Duechter Erika, gespillt vum Hans Zischler a Sandra Hüller , déi no engem laangen Exil an den USA, 1949 zeréck an Däitschland kommen. D'Erika begleet matt engem distante, kritesche Bléck hiren onbeléierbare Papp, dee sech vun de lokalen Autoritéiten instrumentaliséiere léisst. Souwuel am Westen ënnert den Ae vun der CIA, wéi am Osten ënnert rigider sowjettescher Kontroll, hält hien, vum Goethe an engem eclairéierten Idealismus inspiréiert Rieden, iwwert Humanismus a Fridden, déi e bëssen aus der Zäit gefall schéngen, an engem Moment wou an der Realitéit d'USA an d'Sowjetunioun sech Däitschland an d'Welt opdeelen. Dat ganzt ass brillant inzenéiert a gespillt, villäicht awer dach ze sober, ze eendeiteg fir ee richteg kënne matzeräissen.

Den Iraner Asghar Farhadi, dee schonn 2x zu Berlin an duerno 3x zu Cannes priméiert gouf, ass bedeitend manner politesch engagéiert wéi seng berüümt Kolleege Mohammad Rasoulof a Jafar Panahi , deen d'lescht Joer jo d'Palme d'Or hei krut. Anescht wéi si, huet hien och scho Filmer am Ausland gedréint, a Frankräich, a Spuenien an elo matt HISTOIRES PARALLELES erëm zu Paräis, matt de bekannte franséischen Acteuren Vincent Cassel, Pierre Niney, Isabelle Huppert a Virginie Efira.

An HISTOIRES PARALLELES erzielt hien op mindestens 3 Niveauen d'Geschicht vun enger eelerer Schrëftstellerin, déi en Trio vu Film -Bruiteuren, Bridder an eng Mataarbechterin, am Appartement vis à vis bei hirer Aarbecht ausspionéiert, an eng konfliktuell Geschicht ronderëm déi dräi erfënnt. En SDF deen hir hëlleft plënneren, mëscht sech an d'Geschicht an, a besonnesch an dat echt Liewe vun dem Trio, dat schliisslech ausser Kontroll geréit. HISTOIRES PARALLELES ass eng clever, ze clever, an artifiziell verschachtelt Geschicht, déi hin an hier tëschent Realitéit a Fiktioun pendelt, a bei deenen een iergendwéi net méi esou richteg un d'Personnagen an d'Intrige gleeft. En opgeprafften "Me Too" Schluss - nenne mer dat emol esou, fir net ze vill ze verroden - arrangéiert och näischt. Et ass emol net dass ee sech langweilt oder sech am Film verléiert, mee anescht, wéi zumindest am Realisateur sengen iranesche Wierker, feelt et dem Film un engem wierkleche Sujet. Dëst ass natierlech Kritik op héchsten Niveau, mee mer sinn nun emol an der Competitioun vum gréisste Festival vun der Welt, a wann dir ieren doheem zu Lëtzebuerg HISTOIRES PARALLELES dës Woch an de Kino kucke gitt, sidd der doudsécher manner streng.