Festival Cannes 2026: Bilan 1. Hallschent

Zu Cannes begéint een dëser Deeg eng helle Wull Leit aus der Filmbranche, d'Barbra Streisand awer leider net.
D'Actrice krut dëst Joer um Filmfestival d'Éire-Palme d'Or, allerdéngs huet e Bobo um Knéi der Rees an de Süde vu Frankräich e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, dat war wuel fir munchereen eng Enttäuschung.
Mer sinn elo iwwer d'Hallschecht vum Festival eraus a haten eng Enttäuschung no där anerer , meeschtens kleng Enttäuschungen, gottseidank, well dach di meeschte Filmer a Competitioun vun engem gudden Niveau sinn, awer se sinn halt entweder e bëssen dënn am Contenu, oder net fokusséiert genuch. Dat läscht ass zB de Fall beim GENTLE MONSTER vum Marie Kreuzer. Eng anungslos Mamm, déi erlieft wéi hire Mann vu Poliziste wéinst Pädophilie verhaft gëtt ass natierlech obsedéiert vun der Iddi hie kéint sech och um eegene Kand vergraff hunn. E staarkt genuch Thema, dass een doniewent net nach eng parallel Geschicht vun enger Enquêtrice an hirem abusive Papp verziele muss. Der erënnert Iech wuel un dem Marie Kreuzer hire virechten erfollegräichen an originelle Film "Corsage" mat dem d'Vicky Krieps als Keeserin Sissi an der Haaptroll. Dee war deemools zu Cannes net a Competitioun, mee wäit besser, wéi GENTLE MONSTER.
Den Ungar Laszlo Nemes, dee mat "Son of Saul" e remarquabele Film iwwert d'Konzentratiounslagere realiséiert hat, bleift mat sengem Kompetitiounsfilm MOULIN iwwert de Chef vun der franséischer Resistenz, och hannert den Erwaardungen zeréck. De Film erzielt di leschten Deeg vum Jean Moulin, seng Verhaftung a seng brutal Interrogatoiren duerch de Gestapo Chef Claus Barbie. Stilistesch änlech wéi "Son of Saul", a magistral interpretéiert vum Gilles Lelouche a Lars Eidinger, gëtt een d'Gefill awer net lass ,dass de Film hätt kënne méi sinn ,wéi just eng getrei historesch Rekonstitutioun.
Méi interesséiert huet mech do dem spuenesche Realisateur Rodrigo Serogoyen säin, EL SER QUERIDO (THE BELOVED) ,mam Javier Bardem an der Haaptroll,
Am Zentrum steet eng komplex Papp /Duechter Relatioun, an zousätzlech integréiert de Film ganz gutt d'Thema vun den toxeschen Tournagekonditiounen, déi vill a leschter Zäit an och zu Lëtzebuerg diskutéiert goufen. Den Haaptpersonnage ass nämlech e reputéierten a fir säin exzessiivt an extravagant Behuele bekannte Realisateur, dee senger Duechter eng d'Haaptroll a sengem neiste Film ubitt. E mécht dat aus Generositéit, an awer och fir, no jorelaanger Entfriemung , senger Duechter erëm méi nozekommen. De Malaise tëschent deenen zwee iwwerdréit sech dann och op de Filmset, matt enger Anthologie Tournage Zeen, an déi de Javier Bardem seng ganz Kraaft a Roserei erageheit. Seng Interpretatioun gëtt dem Film dann och eng Force an Dynamik, déi een eng Rei Rythmusproblemer a Repetitioune vergiessen deet. Trotz deene klenge Reserven, soll een natierlech net verpassen, vun haut un de Film zu Lëtzebuerg an de Kino kucken ze goen. Dat gëllt wuel och fir den neie Film vum Pedro Almodovar, deen och hei a Competitioun leeft, dee mer awer eréischt den Owend ze gesi kréien.
