Äerdbiersaison - Wann d’Felder rout ginn
23/05/2026

Et ass dee Geroch, deen ee bal direkt an de Summer katapultéiert: frëscht Äerdbier. Rout, séiss a sonneg. Op ville Felder am Land fänkt d'Saison elo un. Hannert dem klenge rouden Äerdbier stécht vill Aarbecht. D’Saison ass kuerz, d’Fruucht empfindlech, an all Dag zielt. Mir ware bei de Produzent Jean-Claude Muller op Contern kucken, wéi d’Äerdbiersaison dëst Joer ugefaangen huet a wat d’Leit esou gär un där Zäit hunn.
