Äerdbiersaison - Frësch, séiss a selwer gepléckt
23/05/2026

Wann d’Saison richteg lassgeet, fänkt den Dag um Feld ganz fréi un. Vill Aarbechter sinn schonn moies ënnerwee, fir d’Äerdbier ze plécken, ier d’Hëtzt kënnt. Den Interessi fir regional Produite klëmmt a vill Leit si bereet, méi lokal anzekaafen, virun allem wann se wëssen, wéi vill Aarbecht dohannert stécht.
