Festival Cannes 2026: Pronostic Palmarès

23/05/2026
Festival Cannes 2026: Pronostic Palmarès
Play

Den Owend gëtt ee gewuer wéi ee Film d'Palme d'Or kritt, respektiv wien d'Gewënner vum Filmfestival zu Cannes sinn.

De Joy Hoffmann, huet elo all d'Filmer a Competitioun gesinn:

"Deeglaang hunn ech ëmmer vun engem duerchschnëttlech gudde Festival geschwat, an dat gëllt och bis elo zum Schluss. An dee Film, op deen ech laang gewaart hunn, an deem ech ouni ze zécken d'Palme d'Or géif ginn, ass dann och endlech virun 2 Deeg komm, a mer hunn dee gëschter hei beschwat. NOTRE SALUT vum Emanuel Marre, iwwert de Vichy Regime ass och den absolutte Favorit bei der franséischer Kritik, ausser dem mëttlerweil rietsextreeme "Journal du Dimanche", deen de Message vum Film wuel gutt verstanen huet, dass Vichy erëm un der Dier vu Frankräich klappt. Di international Kritik, ass liicht méi reservéiert, wat dann d'Fro opwerft, ob bei engem Jury , matt engem koreanesche Realisateur, als President di méiglech kulturell an historesch Barrièren eng Roll spillen oder net. Och beim mengem 2. Favorit vu gëschter MINAUTAUR vum Russ Andréi Zvyaguintzev bleiwen ech, deen och no un der politescher Aktualitéit leit, an dobäi och nach méi abordabel ass fir e breede Publikum, wat béides fir dee Film kéint schwätzen.
E Film dee fir mech och an de Palmarès gehéiert, an iwwert déi mer nach net geschwat hunn , ass FJORD vum Rumän Cristian Mungiu. Hei geet et em eng rumänesch Famill a Norwegen, déi hir Kanner no extrem konservative , reliéise Reegelen erzitt. Ouni eng kloer Beweislag, dass d'Kanner effektiv physesch mësshandelt goufen, ginn se ouni hiren Accord vun dem strenge Service fir Kannerprotectioun aus der Famill geholl a placéiert. Tëschent guttgemengte Reglementer, sozialen a reliéise Virurteeler a politeschem Drock , stellt de Film sech di komplex Fro wat wierklech am Interêt vum Kand ass.
Héich gehandelt fir de Palmares ginn och FATHERLAND iwwert dem Thomas Mann säi Retour 1949 an Däitschland, dee mech wierklech net iwwerzeegt huet, an dann och SOUDAIN vum Japaner Hamaguchi Ryusuke.
D'Virginie Efira spillt hei eng Direktesch vun engem Altersheem, déi beméit ass eng méi mënschlech Betreiung fir hir Alzheimer Patienten duerchzesetzen, woubäi hir Relatioun matt enger japanescher Theaterealisatrice , déi un terminalem Kriips leit, eng wichteg Hëllef gëtt. SOUDAIN ass sécher deen emotionaalste Film aus der Competitioun, ass allerdéngs mat 3 an enger Véirel Stonn einfach ze laang , a géif och excellent an e Formatiouns cours fir Gesondheetspersonal passen, dat Alzheimer Kranker betreit.
Anescht wéi d'Lescht Joer wou direkt eng ganz Rei aussergewéinlech Filmer wéi "Un simple Accident", Sirat" "Sentimental Value" oder "In die Sonne schauen" sech fërmlech fir de Palmarès opgedrängt haten, an dann och priméiert goufen, däerft de Jury et dëst Joer vill méi schwéier kréien. Spannung ass also ugesot."