D'Konscht Kënschtler ze sinn

En Interview mam Kënschtler a Moler Nico Langhegermann.
Et gëtt em e Mann deen elo seng 80 gefeiert huet, vu sech behaapt „D’Molerei ass mäi Liewen“, an deen Talenter huet déi haut bal kee méi beherrscht.
Eng gutt Geleeënheet dofir fir all deem seng Stil Richtungen ze gesinn, war de Vernissage vun der Expo „La Peinture, ma passion du passé au futur » an der Valentiny Foundation zu Remerschen.
80 Joer, mee u Pensioun gëtt nach net geduecht?
Ah neen, ech hu nach vill wëlles. Et geet elo eréischt un. Also ganz éierlech, ech erwäche nuets, ech denken dann un e sou vill Projeten. Also ech muss op manst nach 20 Joer liewen fir déi all ze maachen.
D’Konscht Kënschtler dierefen ze sinn, dat trëfft et hei besonnesch gutt?
Kënschtler ze sinn, dat ass eng Fräiheet. Fréier hunn ech ëmmer missten dat maachen wat d’Leit gär gehat hätten. Ech hunn a Kierche gemolt, d’Muteer Gottes anescht ugedoen. Ech hunn ëmmer missten dat maache wat ech gesot krut, mee elo kann ech maache wéi ech wëll. E Genoss wann e vun de Faarwen dreemt, a moies kann e lass fueren.
Eigentlech wollt de Nico Langhegermann Vëlosprofi oder Rallye Pilot ginn, mee dee Wonsch sollt sech trotz Erfolleger net erfëllen.
Iwwer 60 Joer sinn d’Faarwen elo scho säi Liewen. Seng Technik eng wou den Ursprong op 14. Joerhonnert zeréck geet.
Di Biller di ech molen, di meescht op Aluminium, dat ass Kack eng Lack Technik wéi beim Auto. Mee wéi ech ugefaang hunn du gouf nach keen 2 Komponente Lack deen haut direkt dréchen ass, an dann hat e gäre ganz vill Stëbs dra gehat.
Mee ganz fréier, di Technik déi d’Chinese scho gemaach hunn, déi hunn si op de Schëffer gemolt. Si sinn eraus op d’Mier gefuer, wëll kee Stëbs um Mier war.
Net eraus op d’Mier, mee an d’Sprëtzkabinn geet et bei him.
Mee och op anere Plazen si seng Talenter gefrot, wëll hei am Land keen anere fir eng Restuaratioun am Gold méi a Fro kënnt?
Ech mengen net dass et zu Lëtzebuerg nach e gëtt. Als Beispill, ech hu nach vir 5 Joer ongeféier d’Patton Denkmal nei vergold zu Diekrech. Oder de Fiische vu Wolz am Marber, an d’Vergoldungen hunn ech ëmmer gemaach.
An da komme mir op d’Konscht vum Lettrage ze schwetzen, handgemolt versteet sech?
Ah jo ech hunn haut nach eng Demande kritt vun de Beetebuerger Pompjéen, déi hun e Pompjéesauto restauréiert, an déi wëllen awer do keng Schrëft drop pechen. Mee wéi an de 1940er Joeren mam Pinsel drop gemolt ginn. Do muss een eng roueg Hand hunn, an dee Pinsel dee kritt een haut bal net méi ze kafen. Dat si Marder Pinselen mat Marder Hoer, déi ganz reng sinn, kann een e Stréch maache mat Uellech Faarw an enger Kéier.
De Nico Langerhegermann huet nach vill wëlles, mir si gespaant, a wënschen awer elo emol all Guddes fir den 80. Gebuertsdag.
