Rendez-vous aux Jardins
04/06/2026

Vum 5. bis de 7. Juni gëtt zu Lëtzebuerg nees de „Rendez-vous aux jardins“ organiséiert. Dës europäesch Initiativ invitéiert de Public, Gäert, Parken an historesch Grénganlagen am ganze Land z'entdecken. D'Editioun 2026 steet ënnert dem Motto „La vue“ – d'Vue, a setzt sech domat auserneen, wéi Gäert eis Perceptioun vun der Natur an der Landschaft beaflossen. Dëst Joer stinn net manner wéi 59 Aktivitéiten um Programm. Verdeelt iwwer eng 30 Gäert am ganze Land kënnen d'Visiteuren u guidéierte Visitten deelhuelen, Atelieren entdecken, Concerten erliewen oder Ausstellungen an Animatioune fir Grouss a Kleng besichen.
