Hitmaschinn 1992: Wimbledon

03/06/2026
Hitmaschinn 1992: Wimbledon
Play

Wimbledon 1992. Dat war den éischte Grand-Slam-Titel fir den Andre Agassi.

Bei den Dammen huet d'Gewënnerin Steffi Graf geheescht. De 'Paradiesvull' vu Las Vegas, USA an 'Die Gräfin' vu Brühl aus Däitschland, déi Jore méi spéit matenee bestuet goufen. Et heescht, d'Steffi Graf wier déi Zäit nach net gepaakt gewiescht, awer den Agassi schonn zimmlech verknallt. Den traditionellen Danz vun den zwee Gewënner war dat Joer allerdéngs wéinst dem schlechte Wieder an d'Waasser gefall. Sou huet et dann nach gedauert mat der Dramkoppel déi sech 1999 richteg kenne geléiert hunn, bei engem Tennis-Tournoi wat den Agassi organiséiert hat. Zanter 2001 ass d'Koppel bestuet. Si liewen zu Las Vegas an hunn zwee Kanner déi allerdéngs keen Tennis spillen.