Wann et brennt a gläichzäiteg schmaacht: Piri Piri
05/06/2026

En ass kleng, rout a bréngt vill Hëtzt op den Teller: De Piri Piri. D'Chili-Schot, déi virun allem mat der portugisescher an afrikanescher Kichen verbonne gëtt, ass haut op der ganzer Welt beléift.
De Numm Piri Piri kënnt aus verschiddene Bantu-Sproochen an heescht esou vill wéi „Peffer Peffer“. Ursprénglech stamen déi schaarf Chili-Schoten aus Südamerika. Portugisesch Séifuerer hunn se am 15. a 16. Joerhonnert op den afrikanesche Kontinent bruecht. Si wiisst awer haut och an Afrika, z.B. Angola, Ghana an a Südafrika.
