Hitmaschinn 1992: SMS

04/06/2026
Hitmaschinn 1992: SMS
Play

Déi éischt SMS gouf vun engem Computer op e mobillen Telefon geschéckt.

Vu datt d'Telefonen deemools awer nach keng Tastatur haten fir selwer en Text ze schreiwen konnt se net beäntwert ginn. Et gouf just en Display op deem een dee kuerze Message konnt liesen. 'Merry Christmas' war den Text deen de britteschen Ingenieur Neil Papworth vu sengem Computer op den Handy vum Manager vun enger Telekommunikatiouns-Boîte geschéckt hat. Domat war eng Revolutioun agelaut ginn. Haut kommunizéiert déi ganz Welt mat deem Short Message Service, woufir déi 3 Bustawen SMS stinn. Duerno sollt et wuel eng Zäit daueren bis d'Zäitalter vun den SMS richteg lass gaang ass an d'Ofkierzungen LOL aan OMG gebuer waren.