Knéischeif verrutscht
02/06/2026

en Chihuahua mécht nees Misär
Dës Kéier ass et eppes mat sengen hënneschte Been. Beim spadséiere goen hieft et an der Lescht all puer Meter déi hënnescht lénks Patt, hippt weider op dräi Beenercher, jiipst dann eemol a leeft dann op alle véier Patte nees weider. Hatt huet dat soss och scho gemaach, mee bei wäitem net esou dacks."
Wat ass de Problem, a wat kann een maachen, Romi Roth?
