Hitmaschinn 1992: Euro Disney

Et ass den 12. Abrëll 1992.
Zu Marne-la-Vallée, ronn 30 Kilometer ëstlech vu Paräis, mécht e e Parc seng Dieren op, deen Europa fir ëmmer soll veränneren: den Euro Disney, haut bekannt als Disneyland Paris.
Méi wéi 15.000 Mataarbechter a bal fënnef Joer Bauaarbechten waren néideg, fir dëse Park opzebauen.
Matten op de Felder entsteet eng Welt aus Schlässer, Attraktiounen a Figuren, déi bis dohin haaptsächlech aus Filmer bekannt waren.
D'Ouverture ass e riesege Spektakel. Journalisten aus der ganzer Welt si mat dobäi. Disney wëllt beweisen, datt säi Konzept net nëmmen an den USA an a Japan funktionéiert, mee och an Europa.
Mee net jidderee war begeeschtert. A Frankräich gouf de Projet vun e puer Politiker a Kulturkritiker als Symbol vun enger amerikanescher Kultur kritiséiert.
Anerer hunn sech gefrot, ob d'Europäer iwwerhaapt bereet wieren, fir esou en Erliefnis ze bezuelen.
Déi éischt Jore sinn tatsächlech schwéier. D'Visiteurszuelen entspriechen net ëmmer den Erwaardungen an de Park huet finanziell Problemer. Mee Disney gëtt net op.
Iwwer d'Jore kënnt eng Attraktioun no där anerer dobäi: Space Mountain, Walt Disney Studios, Ratatouille an ëmmer méi grouss Spektakelen.
Haut ass Disneyland Paris déi meescht besichtegt touristesch Destinatioun an Europa a empfänkt all Joer iwwer 10 Millioune Gäscht.
Vill Kanner an och Erwuessener gesinn hei fir d'Mickey Mouse, den Donald oder de Goofy am richtege Liewen. A bis haut, méi wéi 30 Joer no der Ouverture, bleift de Park eng Plaz, wou Kandheetserënnerungen an nei Aventuren openee treffen.
