Schengen Marina, neit Konzept am Hafen

An elo huele mir iech mat op Musel, méi genee op Schwéidsbeng an den Hafen,
Jo an do huet sech munches gedoen, an aus deem „Port de plaisance Schwebsange“ gouf elo kierzlech d‘Schengen Marina ageweit.
An de Gilles Estgen, de President vum ORT Musel, deen och elo nach d’Geschecker vu Schengen Marina mat leet, erwaart eis schonn.
E Site deen un Attraktivitéit soll zouléen, a wou et em méi geet wéi just Booter a Camper Stell Plazen.
Schengen Marina, mir wollten deem ganzen e neie Numm ginn wëll eng nei Gérance do ass, a natierlech och de Numm Schengen erabrengen. Och wann et zu Schwéisbeng ass, an dat e schéint Duerf ass, de Numm Schengen, mee wëll mir och Internationalitéit wollten, sote mir de Numm Schengen, dat kléngt gutt.
Deemno net just e neie Numm?
Mir wëllen nees méi Qualitéit erabréngen, mir gi méi op eis fix Clienten zou déi am Hafen hiert Boot leien hunn. Mir moderniséieren den Accès zum Ponton, d’lescht Woch si nei Feierläscher, nei Rettungsreefer installéiert ginn, mir wäerten den Hafen och clôturéieren aus Sécherheetsgrënn.
Am eenzege Yachthafen hei zu Lëtzebuerg ass Plaz fir 220 Booter, di meescht Laangzäit Locatairen, awer net nëmmen?
An dann hu mir awer och eng Doze Plaze fir Passage. Dat heescht jo di kommen och bei eis tanken, mee si verbréngen dann awer och meeschtens di eng oder aner Nuecht. Di Campingcar Plazen déi si ganz gutt beluegt, wat elo d’Booter ubelaangt, do ass et ganz ënnerschiddlech. Do sinn et déi di wierklech en Tour maachen bis op de Rhein erop, dat ass jo méiglech, an da komme si och hir tanken an da geet et nees weider.
Schéi nei Containere falen engem op an deenen elo Acceuil, Capitainerie mam Hafemeeschter a Shop hir eege Räimlechkeeten hunn. Schengen Marina gëtt awer net nëmme vu Yachten a Camper ugesteiert, wëll vum Vakanze Feeling an der Strandbar an der Restauratioun op der Plaz kéint jidderee profitéieren, esou de Gilles Estgen. Houfreg ass een drop dass Schengen Marina asbl och als Inklusiouns Projet fonctionéiert?
Also mir sinn eng Société coopérative a mir hunn den Agrément SIS, dat heescht Societé à Impacte Societale. Eisen Ursprong ass u sech bei der Baggerweier asbl déi Leit opfänken mat enger Beinträchtigung. An da geet et dorëms déi op den 1. Arbechtsmaart ze bréngen. A Schengen Marina bitt elo deene Leit en 1. Aarbechtsmaart. Sou konnte mir vun der Baggerweier asbl mëttlerweil 4 Leit eriwwer huelen.
Vill fläisseg Hänn sinn hei am Asaz an déi hu nach ganz vill Iddien fir dass an Zukunft nach vill méi Gäscht an der Schengen Marina un der Musel kënne begréisst ginn. Egal op déi dann um Waasser oder Land Wee ureesen.
