Vum Heelkraut an d'Kachdëppen - Thymian
19/06/2026

Säin Numm kënnt aus dem Algriicheschen a bedeit esou eppes wéi Kraaft oder Courage. Schonn an der Antik gouf den Thymian geschat – net nëmme fir ze kachen, mee och als Heelplanz. Heiheem kennt een den Thymian virun allem als Bestanddeel vu ville Fleesch-, Geméis- a Schmorgeriichter. Säin Aroma ass waarm, liicht batter a gläichzäiteg intensiv. An och wann d'Blieder kleng sinn, geet e mat sengem charakteristesche Goût net ënner. Besonnesch an der mediterraner Kichen ass den Thymian net ewechzedenken.
