Kleng Déiercher, grousse Bass - d'Grasmilbe sinn nees ënnerwee.
10/06/2026

Déi lescht Deeg kloen ëmmer méi Leit iwwer kleng rout Flecken op der Haut a staarke Bass. De Grond dofir kënne Grasmilbe sinn. Déi kleng Déiercher si bal onsiichtbar, ma hir Presenz kann desagreabel Suitten hunn. Besonnesch an de waarmen an dréchene Summerméint si Grasmilben aktiv. Si hale sech virun allem a Wisen, Gäert a méi héijem Gras op. Dobäi si net déi erwuesse Milben de Problem, mee hir Larven. Déi setzen sech op d'Haut vu Mënschen oder Déieren a verursaachen dono déi typesch Hautreaktiounen.
