Wann et "leeft"

12/06/2026
Wann et "leeft"
Play

Ënnert dem Titel „Take Over“ organiséieren d'Ofschlossklassen aus dem Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales zesumme mam City Museum e ganze Weekend fir Kanner a Jugendlecher. Am Mëttelpunkt steet d'Ausstellung „Et leeft“, déi sech mam Thema Menstruatioun beschäftegt. D'Iddi hannert dem Projet: Jonk Mënschen entwéckelen Aktivitéiten fir aner Jonker. Dobäi geet et net nëmmen ëm Informatiounen, mee och ëm eng spilleresch an interaktiv Approche.