Travellers' Choice 2026: Déi schéinste Plagen

12/06/2026
Travellers' Choice 2026: Déi schéinste Plagen
Play

D'Sonn op der Haut, de Sand tëscht den Zéiwen an de Bléck op e glaskloert Mier – fir vill Leit ass dat déi perfekt Vakanz. Mee wou sinn eigentlech déi schéinste Plagen op der Welt? Millioune Reesender hunn hir Favoritten gewielt, an d'Resultat féiert eis vun Europa iwwer d'Karibik bis an tropesch Paradäiser. An et gëtt eng grouss Iwwerraschung: Kreta dominéiert dëst Joer de Ranking mat gläich dräi Plagen an de Top 15! Dat kléngt no Summer, Sonn a Mier! Wat mécht dës Plagen dann esou speziell?