Hitmaschinn 1972: EM

11/06/2026
Hitmaschinn 1972: EM
Play

Den Tournoi deemools gëllt als ee wichtege Moment an der Fussballgeschicht.

Ënner anerem wéinst der aussergewéinlecher Leeschtung vun der däitscher Nationalequipe, a well d'EM wärend dem Kale Krich war an Däitschland an der Finall géint d'Sowjetunioun gespillt huet. Nëmme véier Ekippen waren 1972 dobäi: d’Belsch, Ungarn an eben d’UdSSR an Däitschland.

Besonnesch beandrockend war d’Spillweis vun der däitscher Ekipp. Mat Spiller wéi Franz Beckenbauer, Günter Netzer a virun allem Gerd Müller gouf e modernen, offensiven an technesch héichwäertege Fussball gewisen.

An der Halleffinal huet Däitschland d’Belsch mat 2:1 geklappt, duerno dann an der Finall d'Sowjetunioun. Do huet Däitschland sech mat engem kloren 3:0 den Titel geséchert. 2 vun de Goler aus där Finall ginn et op de Kont vum Gerd Müller.