Hitmaschinn 1972: Wat war zu Lëtzebuerg lass?

De Grand-Prix Eurovision de la Chanson dat Joer war zwar net zu Lëtzebuerg, mä de Grand-Duché huet e gewonnen.
Mat am ganzen 128 Punkte konnt sech d'Vicky Leandros mat Après toi den Titel sécheren.
Hei um Kierchbierg geet de Palais de Justice, de Sëtz vum europäesche Geriichtshaff, op, dat war och de Startschoss fir den europäesche Quartier hei am Land.
An der nationaler Politik war 1972 den Depart vun der politescher Karriär vum Jacques Santer, deen deemools an d'Regierung komm ass a sech an de Joren duerno bis un d'Spëtzt vun Europa eropgeschafft huet.
Méi modern a Gläichberechtegung; viru 54 Joer trëtt hei zu Lëtzebuerg en neit Gesetz fir bestuete Koppelen a Kraaft an deem dann d'Rechter, awer och d'Flichte gereegelt sinn.
A punkto Sport kann een aus dem Joer 1972 duerchaus ernimmen datt eis deemoleg Fussballnationalequipe mat 2 - 0 géint d'Tierkei gewonnen hat. Dussier a Braun haten an der 14. a 16. Minutt fir d'Rout Léiwe markéiert.
