Hitmaschinn 2002: Queen Mum

Den 30. Mäerz 2002 ass d'Queen Mum am Alter vun 101 Joer gestuerwen.
Gebuer als Elizabeth Bowes-Lyon am Joer 1900, hat si am Laf vun hirem Liewe fënnef brittesch Monarchen erlieft a gouf fir vill Briten zu enger richteger nationaler Ikon. Besonnesch bekannt gouf si wärend dem Zweete Weltkrich. Wéi London ënner däitsche Bombardementer stoung, huet si sech geweigert d'Haaptstad ze verloossen. Domat gouf si zu engem Symbol vu Courage a Widderstand. Och nom Krich ass si eng vun de beléiftste Perséinlechkeete vum brittesche Kinnekshaus bliwwen.
No hirem Doud hunn Honnerte Dausende Leit de Wee op London gemaach. Hiere Sarg gouf an der Westminster Hall opgebiert, wou ronn 200.000 Mënschen hir déi lescht Éier erwisen hunn. D’Begriefnes den 9. Abrëll 2002 gouf weltwäit op der Televisioun iwwerdroen an huet Millioune Leit virun den Ecran gezunn. Fir vill Briten ass mat hirem Doud eng direkt Verbindung zu de groussen Evenementer vum 20. Joerhonnert verluer gaangen. Si ass bis haut eng vun de beléiftste Figuren an der Geschicht vun der brittescher Monarchie bliwwen.
