Gléck am Portmonni, Aroma um Teller - d'Tonkaboun

26/06/2026
Gléck am Portmonni, Aroma um Teller - d'Tonkaboun
Play

A verschiddene Regioune vu Südamerika gëllt d'Tonkaboun net nëmmen als Gewierz, mee och als Glécksbrénger. Vill Leit hunn eng Tonkaboun am Portmonni oder an der Täsch a gleewen, datt si Wuelstand, Léift oder Erfolleg bréngt. Ob een dru gleeft oder net: sécher ass, datt dës kleng donkel Boun mat hirem intensive Geroch eppes Besonnesches huet. An eiser Gewierzserie geet et haut ëm d'Tonkaboun. Si kënnt vum Tonkabam, deen ënner anerem a Brasilien, Venezuela a Guyana wiisst. Hiren typeschen Aroma gëtt dacks als eng Mëschung aus Vanill, Mandel, Karamell an e bësse Kanéil beschriwwen.