Hitmaschinn 1988: Seoul 88

26/06/2026
Hitmaschinn 1988: Seoul 88
Play

1980 goufen d'olympesch Spiller zu Moskau ausgedroen. Ënnert der Féierung vun den USA haten iwwer 60 Länner d'Spiller boykottéiert.

1980 goufen d'olympesch Spiller zu Moskau ausgedroen. Ënnert der Féierung vun den USA haten iwwer 60 Länner d'Spiller boykottéiert. Ausléiser war den Iwwerfall vun der Sowjetunioun am Afghanistan 1979.

D'Retourkutsch koum 1984, wou dat olympesch Feier säi Wee op Los Angeles fonnt hat. D'Sowjetunioun a 14 weider Ostblock Staaten, dorënner och d'DDR, hunn d'Spiller an den USA boykottéiert.

1988 trieden zu Seoul déi meeschte Natiounen un. En Zeeche vun Entspanung am kale Krich.

Et sinn déi éischt Spiller op der koreanescher Hallefinsel an se sti fir e Land, dat sech rasant moderniséiert.

Am Tennis gewënnt d'Steffi Graf Gold a komplettéiert hire legendäre Golden Slam.

Dominéiert ginn d'olympesch Spiller '88 vun der Sowjetunioun mat 55 Goldmedaillen an 132 Medaillen insgesamt.

Ee Skandal bleift awer och an Erënnerung:

E puer Deeg nodeems de Kanadier Ben Johnson d'100 Meter a Weltrekordzäit leeft verléiert en seng Goldmedal nees: en Dopingstest war positiv.

Haut wësse mer: 6 vun den 8 Finaliste goufen am Laf vun hirer Karriär mat Doping a Verbindung bruecht.