Hitmaschinn: Apple & Paypal

1998 war Apple an enger Krise.
D'Firma hat finanziell Problemer an huet géint d'Konkurrenz vu Microsoft misse kämpfen. Nom Retour vum Steve Jobs ass am August den iMac G3 presentéiert ginn.
Den transparenten an zjm Deel och faawege Computer huet revolutionär ausgesinn. Trotz vill Skepsis war den iMac e grousse Verkafserfolleg ginn an huet Apple erëm zu enger Firma mat vill Succés konnte maachen.
Am selwechte Joer gouf och Confinity gegrënnt. D'Firma hat eng Léisung entwéckelt, fir Suen digital iwwer den Internet ze verschécken. Aus Confinity ass e puer Joer méi spéit PayPal ginn.
D'Plattform hat sech séier duerchgesat, besonnesch well ëmmer méi Leit ugefaangen hunn, online anzekafen. 2002 war PayPal fir ronn 1,5 Milliarden Dollar vun eBay opkaaft ginn. Haut zielt de Bezuelservice Honnerte Millioune Benotzer weltwäit.
1998 war domat fir Apple den Ufank vum Comeback an fir PayPal den Ufank vun enger digitaler Revolutioun a Saache Bezuelung.
