Hitmaschinn 1998: Google

1998 war den Internet nach fir vill Leit eng nei Welt.
Et gouf scho puer Sichmaschinne, mee dacks ware Resultater onpräzis oder onkomplett.
Dat wollten zwee Studenten vun der Stanford University änneren. De Larry Page an de Sergey Brin haten eng nei Sichmaschinn entwéckelt, déi d'Wichtegkeet vun enger Internetsäit net nëmmen un de Schlësselwierder gemooss hat, mee och dorun, wéi vill aner Säiten op si verwisen haten. Bei sou engem System schwätzt ee vu "PageRank".
De 4. September 1998 gouf Google offiziell gegrënnt. Den Numm war vum mathematesche Begrëff "Googol" inspiréiert ginn – enger Zuel mat enger 1 an honnert Nullen. Dat sollt déi bal onendlech Quantitéit un Informatiounen am Internet symboliséieren.
Den éischte Sëtz vun der Firma war eng gelounte Garage zu Menlo Park a Kalifornien. Déi éischt Investitioun waren 100.000 Dollar.
Wat mat zwou Persounen an enger Garage ugefaangen hat, ass bannent e puer Joer zu enger vun de gréissten Technologiefirmen op der Welt ginn. Haut gi Milliarde Sichufroe pro Dag iwwer Google gemaach, an och Servicer wéi Gmail, Google Maps oder Android sinn aus dem Alldag net méi ewechzedenken.
