Bounekraut – de klengen Held aus der Kichen

17/07/2026
Bounekraut – de klengen Held aus der Kichen
Play

Et gëtt Gewierzer, déi erkennt ee scho vu wäitem. Rosmarin. Basilikum. Thymian. An da gëtt et déi, déi éischter am Hannergrond bleiwen - an awer feelen, soubal se net do sinn. D'Bounekraut ass esou e Kraut. Op den éischte Bléck ass d'Bounekraut zimmlech onscheinbar. Kleng gréng Blieder, kleng wäiss oder hellrosa Bléien. Awer soubal et an de Kachdëppe kënnt, weist et, wat an em stécht. Net ëmsoss dréit et säin Numm. Zanter Generatioune gehéiert Bounekraut bei Bounen einfach derbäi. Net nëmmen, well et mat sengem liicht pefferegen, waarmen Aroma perfekt dozou passt, mee och well vill Leit drop schwieren, datt Bounen domat e bëssen "méi liicht" ginn.