Maggikraut - déi aromatesch Finale

24/07/2026
Maggikraut - déi aromatesch Finale
Play

No ville Gewierzer a Kraider komme mir haut beim leschte Stéck vun eiser Serie un. An et geet ëm eng Planz, déi bal jidderee kennt - oder op mannst mengt ze kennen: d'Maggikraut, och Liebstöckel genannt. De Spëtznumm "Maggikraut" kënnt net vun ongeféier. Wann een d'Blieder tëscht de Fangere reift, erënnert de Geroch vill Leit direkt un d'Maggi-Wierzung. Dobäi ass et eigentlech ëmgedréint: Net d'Planz schmaacht no Maggi, mee d'Wierzmëschung huet hiren Aroma deelweis un dëse Goût ugepasst.