Hitmaschinn 1981: Diana an Charles

An deem Joer gouf et zu London eng Märchenhochzäit, déi Joren duerno net schéi sollt ausgoen.
Deen Dag erlieft déi brittesch Monarchie ee vun hire gréissten an emotionalsten Momenter: d’Hochzäit vum Prince Charles, Ierfprënz vu Groussbritannien, mat der jonker Princess Diana. D’Zeremonie war an der St. Paul’s Cathedral zu London. Déi Plaz war bewosst gewielt, well d’Kathedral méi Leit ophuele konnt wéi d’Westminster Abbey. Ronn 3.500 Gäscht waren invitéiert iwwerdeems Honnerte Dausende Leit d’Stroosse vu London gefëllt hunn.
D’Hochzäit gouf weltwäit live op der Tëlee iwwerdroen a gouf vun 750 Millioune Leit gekuckt. Fir vill wra et eng richteg Mäerchen-Hochzäit. Besonnesch vill Opmierksamkeet krut d’Diana hiert Hochzäitskleed: e wäisst Kleed mat enger 7,6 Meter laanger Schleef, dat séier zu engem vun de bekanntste Kleeder an der Moudgeschicht gouf. D’Diana selwer hat deemools eréischt 20 Joer.
No der Zeremonie ass d’Koppel a enger Kutsch duerch London gefuer, d'Leit ware begeeschtert. D’Hoffnung op eng glécklech Zukunft fir d’Kinneksfamill war grouss. Eréischt Joren drop gouf kloer, datt d’Bestietnes vu Problemer, Drock aus der Ëffentlechkeet a perséinleche Spannunge gepräägt war. Trotzdeem bleift d’Hochzäit vun 1981 bis haut ee wichtegen Event an der moderner Geschicht vum brittesche Kinnekshaus.
