Eng Insektewelt am Wandel
16/07/2026

Déi eng freeë sech iwwer waarm Summerdeeg, fir déi aner bedeit dat awer och méi ongebiede Gäscht. Vill Leit hunn dëst Joer den Androck, datt et méi Moustiquen, méi Zecken oder aner Insekten gëtt wéi nach virun e puer Joer. Mä ass dat wierklech esou? A wéi staark verännert sech d'Insektewelt zu Lëtzebuerg?
