Den Insektepad zu Waldbëlleg

24/07/2026
Den Insektepad zu Waldbëlleg
Play

Kleng, dacks iwwersinn, an awer onersetzlech fir eis Natur. Insekten bestëbse Planzen, bauen organescht Material of a si Liewensgrondlag fir vill aner Déieren. Um Insektepad zu Waldbëlleg dréint sech alles ëm dës kleng Awunner vun eiser Ëmwelt. De thematesche Wanderwee féiert duerch eng ofwiesslungsräich Landschaft mat Wiss, Hecken a Bësch. Laanscht de Wee sti verschidden Informatiounspanneauen, déi erklären, wéi Insekte liewen, firwat si esou wichteg sinn a wéi jiddwereen och doheem e Bäitrag zu hirem Schutz leeschte kann. Aus enger einfacher Wanderung gëtt esou eng Entdeckungsrees an d'Welt vun deene klengste Liewewiesen.