Hitmaschinn 1981: Simon and Garfunkel

Déi 2 Museker hunn deemools vill vu sech schwätze gedoen, well se nees zesumme koumen
Den 19. September 1981 sinn déi weltbekannt Museker Simon & Garfunkel no 11 Joer Trennung erëm zesummen opgetrueden. Hire Concert am Central Park zu New York ass zu engem vun de gréisste Museksevenementer zu där Zäit ginn.
De Concert gouf organiséiert, well de Central Park finanziell Problemer hat. De Buergermeeschter Ed Koch an d’Stadverwaltung haten esouguer iwwerleet, Deeler vum Park aus Käschtegrënn zouzemaachen. Mat dësem Benefizconcert sollt Geld gesammelt ginn, fir de Park z’erhalen an ze renovéieren.
Ronn 500.000 Zuschauer hu sech am Central Park zesumme fonnt. Domat war et ee vun de gréisste gratis Concerten an der Geschicht. D’Stëmmung war aussergewéinlech, an d’Fans hunn Hits wéi „The Sound of Silence“, „Bridge Over Troubled Water“ an „Mrs. Robinson“ matgesongen.
De Concert war net nëmmen e grousse musikalesche Succès, mee huet och dozou bäigedroen, Suen fir d’Erhale vum Central Park ze sammelen. Ausserdeem huet et de Museksduo nach eng Kéier an de Mëttelpunkt gestallt an ass spéider als Live-Album an als Concertsfilm verëffentlecht ginn.
De Concert vum 19. September 1981 gëllt bis haut als ee vun de bekanntsten Open-Air-Concerten.
