Hitmaschin 1991: Rock um Knuedler

31/07/2026
Hitmaschin 1991: Rock um Knuedler
Play

Eng grouss Bün fir regional Rock&Pop Kënschtler matzen an der Stad, um Knuedler. Sou eppes hat et bis dato nach net ginn.

En Open Air Concert, deen an d'Liewe geruff gouf wou Lëtzebuerg d'Presidence vun der EU hat. D'Initiativ koum vum LCTO an d'Iddi war et fir Lëtzebuerger Gruppen a Museker virun engem grousse Publik spillen ze loossen. Viru ronn 3000 Leit sinn ë.a. och Gast Walzing a Maggie Parke als Park Café opgetrueden. Weider Acts on Stage waren Midlife Crisis mat ë.a. dem Luke Haas. De Büffel, de Buffalo C.Wayne war och auserwielt gi fir beim éischte Rock um Knuedler 1991 opzetrieden. Zu där Zäit och ganz populär zu Lëtzebuerg de Matt Dawson, dee kuerz virdru mat senge Warehouse den Album 'Coco & Fahrenheit' erausbruecht hat. Am Juli 2019 war de leschte Rock um Knuedler. Du koum Corona an Aarbechten an der sougenannter Stuff vun der Stad, an esou war de Festival an där Form gelaf.