Hitmaschinn 1991: Präisser zu Lëtzebuerg

31/07/2026
Hitmaschinn 1991: Präisser zu Lëtzebuerg
Play

1991 hu mer nach mam LUF bezuelt, mat eisem gudden ale Lëtzebuerger Frang.

Wie ka sech dann nach erënnere wat d'Saachen deemools kascht hunn? E puer Beispiller, gängeg Saachen, déi een am Alldag esou kaaft huet.
Wéi e Pak Botter, huet ronn 43 Frang kascht, eppes Klenges iwwer 1 Euro. Fir en halleft Pond Botter bezilt een haut ronn 3,50. An de Bensinn am Joer 1991? 24 Frang de Liter dat si ronn 60 Cent.
Eng Tut Fritten, deemools gouf et déi nach, huet ëm déi 50 Frang kascht. 1,25 Euro. Dir wësst selwer wéi vill der an der Tëschenzäit op engem Fest fir d'Fritte bezuelt. Den Thüringer, wou deen nach huet dierfen esou genannt ginn, huet ee fir annerhallwen Euro kritt. An eng Aachtchen. Do huet de Präis sech och mindestens verdräifacht. Huet 32 Frang kascht, 80 Cent.
E Mëttelklassauto huet et fir 400.000 Frang ginn, ëm déi 10.000 Euro. An an de Kino konnt ee fir 180 Frang goen (4.50 Euro), ass engem fréier scho vläit deier virkomm. Näischt awer am Verglach mat haut, wou een den Owend fir de Spiderman géing 18 Euro blechen. Eng Wunneng kafen oder lounen, do leie mer haut par Rapport zu 2026 beim 6- bis Zéngfachen hei zu Lëtzebuerg.