Hitmaschinn 1991: GSM & Websäit & Webcam

Alles richteg geschitt 1991, ouni datt een haut sech d'Welt net méi kéint virstellen
Dat éischt GSM-Gespréich war den 1. Juli 1991 wou de finnesche Premier Harri Holker de stellvertriedende Buergermeeschter vun der Stad Tampere ugeruff huet. En Telefonat, dat iwwer dat weltwäit éischt kommerziellt GSM-Netzwierk bedriwwe gouf. De finnesche Bedreiwer Radiolinja. D'Material, Sendeanlag an Telefon ware vun Nokia. Domat huet d'Ära vum digitale Mobiltelefon ugefaangen. Vun SMS a Roaming, déi Zäit nach net ze schwätzen.
Am August 1991 déi éischt Websäit vun der Welt, déi de britteschen Informatiker Tim Berners-Lee am europäesche Kernfuerschungszentrum (CERN) bei Genève fräi geschalt huet. Op der éischter Web-Säit ze liesen, soss näischt wéi d'Explikatioun zum WorldWideWebProjet.
An dann déi éischt Webcam vun der Welt. Déi gouf am November 1991 op der Uni Cambridge fräigeschalt. Dat war déi berüümt Trojan-Room-Kaffismaschinn. D'Fuerscher vun der Uni waren nämlech genervt, dass se hu missen duerch dat ganzt Gebai lafe fir da virun enger eideler Kaffismaschinn ze stoen. Sou hu se eng Kamera montéiert déi 3 mol pro Minutt e Live-Bild gewisen huet wéi vill Bounen nach an der Maschinn wieren.
