Dry Vineyard

Wéi steet de Wéngert do, wéi eng Zorte si méi resistent, a wéi kann ee fir Zukunft de Wéngert besser op extreem waarm an dréche Periode preparéieren?
De Christian Schmit huet sech dat am Institut Viti Vinicole zu Réimech um Projet Dry Vineyard erkläre gelooss.
T E XT:
An do ass et de Christopher Simon, de Wäibau Beroder aus der Réimecher Wäibau Statioun deen eis am Wéngert vum Domaine de l’Etat erwaart.
Den Dréche Stress och hei schonn ze gesinn?
Also bei jonke Wéngerte gesi mir och schonn wou d’Blieder giel sinn. Déi al Wéngerten, 15+, déi hunn esou déif Wuerzelen, déi sti nach tip top do, mee si brauchen och geschwë Reen.
Also di Rief Zorten ënnert sech, ënnerscheede sech eigentlech net. Et ass méi den Ënner Grond. Hues du e flaache Buedem, bass du am géie Beräich, do sinn di grouss Ënnerscheeder.
Grad am Institut Viti Vinicole kann e mat verschiddenen Zorten, déi nei op eiser Musel sinn, experimentéieren?
Et gëtt elo aktuell bei eis e Projet wou verschidde südlech Zorten déi hei ugeplanzt goufen aus Spuenien, Portugal a Frankräich. An do ass et elo relativ spannend ze gesinn, ginn déi elo schonn zeideg oder net? An do si spannend Resultater ze erwaarden.
An da komme mir op Dry Vineyard ze schwätzen?
Genee. Dry Vineyard e grousse Projet dee mir d’lescht Joer ugefaang hunn, och do si mir gespaant, an och elo scho begeeschtert vun de Resultater. Mir fokusséieren eis do e bësschen op Buedem Beaarbechtung, Méiglechkeeten déi de Wënzer huet fir de Buedem ze schützen.
Do gesäit e grouss Ënnerscheeder. Mir hunn an engem Wéngert verschidden Buedem Beaarbechtungs 5 Methoden. Dat engt ass Grasbegrünung, dann hu mir zwou Varianten mat extra Begrünungen ageséint goufen, di 4.
Variant ass de Buedem komplett opgelooss, an di lescht ass déi mat Stréi ofgedeckt.
Do wou de Buedem op ass sinn di Temperaturen extreem héich, duerch d’Stickstoff Fräi Sëtzung wiisst déi gigantesch.
Di mat Stréi bedeckt zitt dem Wéngert e bëssche Närstoffer eraus, wat och net optimal ass. An do kommen d’Begrünungen an d’Spill. Di ginn héich wuesse gelooss, an dann ofgewalzt, an esou eng grouss Bedeckung liwweren mat vill verspriechende Resultater.
Déi sougenannt “Unterlagsrebe” an “Tiefenwurzelung” spillen hei eng entscheedend Roll.
Mee egal wéi et muss deemnächst Ree ginn fir dass dat eppes gëtt mat engem gudden 2026er Cru.
Iwwregens genee wéi beim Karschnatz wäert et dëst Joer op eiser Musel extreem fréi an d’Lies goen.
