"Éischter Bëschrou" - Eng Auszäit am Bësch
07/08/2026

Wann een de Bësch mat alle Sënner erliewe wëll, steet net d'Destinatioun am Mëttelpunkt, mee d'Erfarung. Zu Éischt bei Folscht ass mam Wanderwee "Éischter Bëschrou" e Konzept entstanen, dat d'Iddi vum Bëschbueden an de Vierdergrond stellt. Op der ronn véier Kilometer laanger Streck geet et net drëm, séier virunzekommen, mee sech Zäit ze huelen an de Bësch bewosst ze genéissen.
