Roude Fiels, grouss Geschicht - De Wee vum Steen
21/08/2026

Wann een un e Wanderwee denkt, denkt ee vläicht un Bëscher, schéi Vuen oder roueg Weeër duerch d’Natur. Um „Wee vum Steen“ zu Bieles ass dat e bëssen anescht. Hei geet et nämlech och ëm dat, wat ënnert de Féiss läit – a virun allem ëm d’Geschicht vum Minett. De Parcours ass knapp fënnef Kilometer laang a féiert iwwert de Gaalgebierg. Et ass eng Wanderung mat e puer klenge Montéeën, mee näischt, wat ee vun enger flotter Ronn soll ofhalen. A wann ee sech op de Wee mécht, mierkt een zimmlech séier: Hei huet de Steen fréier eng ganz wichteg Roll gespillt. Mee wéi ass deen eigentlech vun hei bis an d’Héichiewe komm?
