Siwe Brécken, e Schankemännchen a vill Natur
04/09/2026

Et gëtt Spadséierweeër, do geet een hin, fir Kilometer ze maachen. An da ginn et Weeër, do geet een hin, fir mol eng Kéier guer näischt ze maachen. De Siwe Brécke-Wee zu Rëmmereg am Préizerdaul gehéiert éischter an déi zweet Kategorie. De Start ass bei der St Rochus Kapell. Do kann een den Auto stoen loossen, also eigentlech alles prett fir e klengen Ausfluch an d’Natur. Wat de Siwe Brécke-Wee besonnesch mécht, steet eigentlech schonn am Numm. Siwe Brécken. Ma… et sinn der net nëmme siwen. Ënnerwee kommen een nach vill méi kleng Steeër a Holzbrécken entgéint. Si féieren duerch eng Landschaft, an där d’Waasser ëmmer nees eng kleng Roll spillt.
