Hitmaschinn 1984: Macintosh

1984, dat ass och d’Joer vum George Orwell sengem “Big Brother”.
Fir d’Firma Apple war dat den Ophänker fir eng Publicitéitscampagne. Zwee Deeg är de “Macintosh” erauskënnt weist d’Computerfirma beim Super Bowl e Spot, deen éischter un e Science Fiction Film erënnert. Eng anonym Mass sëtzt virun enger riiseger Leinwand a lauschtert engem totalitäre Leader no. Bis: eng jonk Fra an de Sall gelaf kënnt an en Hummer an d’Leinwand gehäit. D’Iddi hannendrun: 1984 gëtt net eng Dystopie, wéi vum George Orwell 1949 geschriwwen hat. De Géigenentworf kënnt vun Apple. De Spot vun Apple an der Publicitéitsagence “TBWA” gouf e puermol ausgezeechent a gëlt bis haut als Meilesteen an der Branche. De Computer ëm deen et geet, den éischte “Macintosh”, setzt op eng grafesch Benotzeruewerfläch, déi mat menger Maus manipuléiert gëtt. Haut selbstverständlech, deemools war d’Iddi, datt Computere net nëmmen eppes solle si fir Technik Nerds, me och fir normal Leit, nei.
