Hitmaschinn 1974: Rubik's Cube

01/10/2026
Hitmaschinn 1974: Rubik's Cube
Play

De Rubik’s Cube. Firwat Rubik?

Well den ungareschen Bau-Ingenieur, Architekt an Designprofesser dee sech dee Wierfel ausgeduecht huet esou heescht: Ernő Rubik. Hie wollt deen, wéi mer soen Zauberwierfel awer net als Spillsaach erfannen, mee als Instrument fir senge Studenten e raimlecht Denken bäizebrengen.

Esou huet hien ronderëm experimentéiert a wou hien säi Prototyp, deemools aus Holz, eng éischte Kéier verdréit an d’Faarwe gemëscht hat, huet et e ganze Mount gedauert bis hien selwer déi mathematesch Logik hanner dem Würfel geknackt hat. Domat war e Verkaafs-Schlager gebuer.
D’Erfindung also gouf 1974 gemaach. 1977 koum de Wierfel fir t’éischt op den ungaresche Maart an 1980 huet de ‘Rubik’s Cube’ dunn d’Welt eruewert. Bis Haut, heescht et wiere 500 Milliounen Exemplairen iwwer d’Théik gaang. Déi Onzuel u Kopien net matgerechent. Also schnon e Verkaafsschlager, de Wierfel mat de 6 Faarwen: Giel, Wäiss, Gréng, Rout, Blo an Orange.