E Mupp als Ënnerstëtzung am Alldag
29/01/2021

Et ass den Dag vum Blanneféierhond, iwwert dee mer de Moie scho ganz vill geschwat hunn. Hënn ginn awer net nëmme genotzt fir blanne Leit ze hëllefen, mee se kënnen och villen anere Persoun am Alldag assistéieren. D‘Tessy Wies vu Calmes huet eng Knachekrankheet an ass och op e Mupp ugewisen. Eise Live-Reporter Loïc Juchem war bei him op Besuch.