EU-Dateschutzdag: De Wäert vun eisen Donnéëen
28/01/2021

Et gëtt do sou eng Geschicht aus den USA, e Papp huet sech driwwer opgereegt, dass eng bekannte Supermarchés-Chaîne senger mannerjäreger Duechter Reklamme fir Puppelcherssaache geschéckt huet. Um Enn ass rauskomm, dass d'Duechter wierklech schwanger war, d'Geschäft wosst et schonn éischter wéi déi eege Famill. D'Meedchen hat sech iwwert Clientskaart Schwangerschaftstester kaaft oder um Internet no Bëbeesaache gesicht. Dat ganzt ass mëttlerweil bal 10 Joer hir.
An Tëschenzäit huet Technik sech weiderentwéckelt. Ënnert ville Chrëschtbeemercher louchen Alexa, Amazon Echo a Co an d'sozial Netzwierker op deene mir selwer a bewosst nach vill méi vun eis präisginn, sinn een Deel vun eisem Liewe. A verschidden Entreprisen sammelen dat alles nëmmen ze gären.