Keng Entschiedegung fir d'Vergaangenheet, mee eng Léier fir d'Zukunft
28/01/2021

De lëtzebuerger Staat huet sech engagéiert, den Iwwerliewenden vun der Shoah eng forfaitaire Zomm vun enger Millioun Euro ze bezuelen. 2 Milliounen sollen bis 2025 fir d'Recherche opbruecht ginn.
Gëschter, méi wéi 75 Joer nom Enn vun der Besatzungszäit duerch d'Nazien, gouf en Dokument ënnerschreiwen, deen d'Entschiedegunge fir d'Spoliatiounen an de 40er Joren reegele soll. D'Ënnerschrëft an d'Erënnerung un den Holocaust kënnen dat wat geschitt ass net réckgängeg maachen. Ma et soll awer aus der Vergaangenheet geléiert ginn. Och dowéinst spillen d'Erënnerungen an de Schoulen um Holocaustgedenkdag all Joers eng wichteg Roll. De Reportage vum Monica Camposeo.