EU-Dateschutzdag: Wéi schützen ech meng Daten?
28/01/2021

Ass äert Passwuert "Passwuert" oder 1,2,3,4? Da si dir warscheinlech net déi eenzeg. Dat waren jorelaang déi beléiftste Passwierder, sinn awer ongeféier sou sécher wéi e Schlass aus Pobeier. E séchert Passwuert dogéint ass e Mix aus verschiddenen Zeechen, dat reegelméisseg geännert gëtt. Sou schützt een op d'mannst mol seng Donnéeë virun Hackerattacken. Am Kader vum EU-Dateschutzdag geet et bei eis de Moie ronderëm d'Thema Dateschutz. Wat eis Rechter sinn an wéi ee Wäert eis Donnéeën hunn, hu mir virdrun schonn héieren.