De Philip Crowther beandrockt duerch säi Sproochentalent
28/01/2021

De Philip Crowther ass reegelméisseg bei de Kolleege vun RTL Tëlee als Amerika-Korrespondent ze gesinn. Besonnesch an de leschte Wochen a Méint hat hie vill ze schaffen an op net manner wéi 6 Sproochen huet hien d'Presidentiellen an den USA couvréiert. Mat sengem Kënnen huet de Lëtzebuerger Journalist elo och d'Journaliste-Kolleegen an den USA beandrockt. De Loïc Juchem huet mat him iwwer d'Begeeschterung ronderëm seng Persoun geschwat an ass och gewuer gi wéi et den 1.Dag vun der Biden-Presidence am Wäissen Haus ausgesinn huet.