Sécherheet op der N7

12/02/2021
Sécherheet op der N7
Play

D'Regierung investéiert an den nächste Joren ronn eng Milliard Euro an den Norde vum Land.
Fir bal 400 Milliounen gëtt d'N7 tëschent dem Fridhaff a Wäisswampech méi sécher gemeet.
Dat ass eppes wat schonn op d'mannst 25 Joer am Gespréich ass ..... net vu Muttwëll, wann een d'Zuel vun den Accidenter kuckt.
A manner wéi 10 Joer koumen op där Streck 10 Mënschen ëm d'Liewen, 34 Persoune goufe schwéier blesséiert, 103 liicht.
Et läit elo e konkrete Projet um Dësch an deen hunn d'Deputéiert vun déi Gréng d'Stéphanie Empain an d'Ministeren François Bausch a Claude Turmes gëschter Owend an enger online Biergerversammlung virgestallt, Dany Rasqué