An der Museksschoul: d'Regional Museksschoul zu Diddeleng
07/02/2022

Nodeems mer de Moien schonn zu Péiteng an der Museksschoul waren, huet eisen RTL-Reporter elo Rendezvous zu Diddeleng an der Regionaler Museksschoul. Hiere Sëtz huet d'Schoul am Gebai vum CNA an dem Kulturzenter "Op der Schmelz". An den Ament lafen do och d'Examen an dat ass an dësen Zäiten alles anescht wéi einfach.