Schonn un de Chrëschtbeemchen denken
03/11/2022

Halloween ass eriwwer a scho kann een un dat nächst grousst Fest denken, bei deem nach méi gerëscht gëtt. A 7 Wochen ass Chrëschtdag an et gesäit een dat lues awer sécher och am Commerce. De Superstar vum Fest ass de Beemchen. Mir hu beim Charel Hary vum Etablissement Hary nogefrot, wéi et da mat de Chrëschtbeemercher dëst Joer ausgesäit.