25 Joer Elchtest - a wat hu mir dovunner geléiert?
04/11/2022

Viru 25 Joer, den 21ten Oktober 1997 fir genee ze sinn, huet e klengen Auto e grousst Äerdbiewen an der Autosindustrie ausgeléist. De gescheiterten "Elchtest" vun der Mercedes A-Klass war den Ufank fir elektronesch Assistenz- a Schutzsystemer an alle Gefierer, déi haut esou performant sinn, dass et héchstens bei Plooschtere beim Teste bleift. D'Laura Lessyn huet beim ACL nogefrot.