Bazar International, Am Kanada gëtt aus dem Ahorn vill méi wéi nëmme Sirop gemaach

09/11/2022
Bazar International, Am Kanada gëtt aus dem Ahorn vill méi wéi nëmme Sirop gemaach
Play

Ronn 50 Stänn aus der ganzer Welt präsentéieren um Bazar International, zum Beispill Konschthandwierk, Kaddoen, Kulinaresches, Gedrénks a Kultur aus hirem Land, dofir geet eisen RTL Reporter de Moie scho virdru luussen, wat verschidden Natiounen ubidden. De Chef vum kanadesche Stand trëfft den Dan Vinkowski an dem eenzege kanadesche Bistro hei am Land.